Iwwert eis
Iwwert eis
Méisproocheg Iwwersetzunge mat engem Plus: eng authentesch mënschlech Dimensioun.
Mir sinn eng Equipe vu qualifizéierten Iwwersetzer / Dolmetscher spezialiséiert a Marketing, Legal a Finanzen. Boutique Translation, mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, bitt méisproocheg an héichwäerteg Déngschtleeschtungen un an dat haaptsächlech fir Prestataire vu Fongen, Affekote-Gesellschaften, Asset Management Firmen, Banken, Fiduciairen awer och fir Gemengen, Associatiounen a Lëtzebuerger Gesellschaften. Mir zielen op erfueren intern Iwwersetzer, Copywriter an Dolmetscher an och op e limitéiert Netzwierk vu Linguisten déi mir selwer suergfälteg eraus gesicht hunn an mat deene mir scho vill a gutt geschafft hunn. Mir alleguerte bidde och verschidde personaliséiert Servicer un wéi Revisioun, (Nei)Schreiwen, Transkriptioun a villes méi. Boutique Translation steet fir trei a sënngeméiss Iwwersetzunge wéi och zousätzlech Servicer wéi Vereedegung / Beglawegung / Assermentatioun, Zertifikatioun, Legalisatioun an Apostillen. Eng Handvoll engagéiert Projektmanager këmmeren sech ëm Är Projeten, egal a wéi enger Sproochekombinatioun, a suerge fir eng éischtklasseg Bezéiung mat Iech, dem Client. Mir schwätzen natierlech och Lëtzebuergesch.
Eis Boutique Translation Managerin: D'Martine
Ech sinn d’Grënnerin an d’Gerante vu Boutique Translation S.à r.l. an hunn e Master an Iwwersetzung vun enger Bréisseler Universitéit (https://ltc.ulb.be) and och e Marketing Diplom.
Meng Karriär hunn ech als qualifizéiert Iwwersetzerin / Dolmetscherin ugefaangen an hunn dono am Copywriting a Marketing am Bankesecteur geschafft, wou ech 15 Joer als Chef vu Marketing a Kommunikatioun, Design a Produktioun an enger vun de féierende Banke vun der Welt täteg war, ier ech schliisslech meng eege Firma Boutique Translation S.à r.l gegrënnt hunn.
Och wann ech e puer Joer als Consultante am Change Management geschafft hunn, Webinhalter fir eng Gewerkschaft geschriwwen hunn a Copywriting-Coursen op Universitéitsniveau ginn hunn, sinn ech ëmmer nach eng passionéiert Iwwersetzerin, Texterin an och Geriichts- a Konferenz-Dolmetscherin.
Mäi breeden Hannergrond gekoppelt mat der Expertise vun eisen erfuerenen Iwwersetzer hëlleft eis, ÄR Perspektiv ze schätzen an Iech personaliséiert Servicer mat enger mënschlecher Touche ze bidden.
Brainboosting Your Texts. Trust Us!