Assermentéiert/beglawegt/vereedegt Iwwersetzung – Zertifiéiert Iwwersetzung

Assermentéiert/beglawegt/vereedegt Iwwersetzung - Zertifiéiert Iwwersetzung

Mir servéieren Iech als Privatpersoun oder am Numm vun enger Firma

Boutique Translation huet e spezialiséiert Departement fir vereedegt Iwwersetzungen, dat beglawegt (assermentéiert), legaliséiert an notariséiert Iwwersetzungen fir praktesch all Sproochkombinatioun ubitt. Eis Iwwersetzungen sinn fir den offiziellen Gebrauch zu Lëtzebuerg oder am Ausland geduecht.

Beglawegung / Vereedegung / Assermentatioun

Fir administrativ Zwecker musst Dir vläicht eng vereedegt Iwwersetzung vun engem offiziellen oder legalen Dokument presentéieren, wéi zum Beispill:

Zertifikatioun

„Beglaubigte Übersetzung” oder « Traduction certifiée conforme à l'original » Mat esou enger Formel bestätegt den Iwwersetzer, dass déi geliwwert Iwwersetzung no beschtem Wëssen a Gewëssen wourechtsgetrei ass. Dësen Service ass an allen Sproochen verfügbar. Hei sinn e puer Beispiller vun Dokumenter fir déi Dir eng assermentéiert Iwwersetzung braucht.

D'Martine Weitzel ass fir déi folgend Sproochen vereedegt:

- Englesch - Franséisch - Däitsch - Hollännesch

- Portugisesch - Spuenesch - Italienesch

Alle Sproochkombinatioun, déi dës Sproochen implizéieren, sinn méiglech.

Stempel „Beglaubigte Übersetzung”

E Stempel gëtt op Äert Dokument gesat an et gëtt vum vereedegten Iwwersetzer ënnerschriwwen.

Mir kënnen och e Wuessigel op Är Dokumenter fléisse loossen an den Original un den iwwersaten Text heften.

D‘Vereedegung gouf virun der Cour d’Appel vun an zu Lëtzebuerg gemaach an ass weltweit gülteg.

Dir braucht Är vereedegt Iwwersetzung dringend?

Am Fall vun enger Urgence, rufft eis un oder kommt einfach am Büro laanscht. Deen ass um Rez-de-chaussée, an enger ëmmer méi beléifter Géigend vun der Stad Lëtzebuerg, nëmmen e Kazesprong vum “Robin du Lac Concept Store” an dem “BIL Indépendance” Gebai ewech, um 26, rue Antoine Meyer, L-2153 Lëtzebuerg.

Op vu méindes – freides 09.30-18.30 Auer oder méi spéit op Ufro.

Eisen normalen Delai ass 3 Deeg, mee wann et dringend ass, maache mir d’Aarbecht an enger Recordzäit!

Aner Servicer

Service Translation

Iwwersetzung

Mënschlech Iwwersetzung "Made in Luxembourg"

Service Interpretation

Dolmetschen

Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)

Service legalisation

Legaliséierung

Beglawegung, Apostille

Copywriting

Transkreatioun, Publizitéits- a Webtexter schreiwen

Service proofreading

Relektür

Textiwweraarbechtung & aner Sprooche Servicer

Comments are closed.