Relektür, Textiwweraarbechtung & aaner Sproochservicer

Relektür, Textiwweraarbechtung & aner Sprooche Servicer

Proofreading 2nd

Eis zousätzlech Sprooche Servicer enthalen Relektür, Textbeaarbechtung, Ëmschreiwen, Transkriptioun, all Typ vun Texter, sief et ëffentlech Texter oder Biographie Texter, souwéi Sproochberodung.

Relektür

En Text verbesseren fir dass keng Feeler dra sinn, mat Fokus op d'Orthographie, d'Punktuatioun an d'Grammaire. Mir versécheren eis, dass Är Dokumenter verbessert ginn a feelerfréi sinn.

Textiwweraarbechten

Mir maachen nach eng zousätzlech Iwweraarbechtung déi ganz wichteg ka sinn: D'Syntax an de Sënn nokucken, d'Sätz reformuléieren, de Stil an d'Fluiditéit verfeineren esou dass de Sënn kloer ass.

Ëmschreiwung

Wann Dir der Meenung sitt, datt Ären Text net professionell geschriwwe gouf, kënne mir hëllefen. Eis Texter a Reviseuren liesen Är Aarbecht, analyséieren de Stil, d'Grammaire an de Vocabulaire, a schreiwen sou vill wéi néideg ëm. Mir sinn der Meenung, dass eng detailléiert Diskussioun mat Iech an esou engem Fall ubruecht ass fir eng Léisung ze fannen.

Transkriptioun vun Audiodateien

Gewësse politesch oder wirtschaftlech Reuniounen erfuerderen Transkriptioune vu Rieden no de Sëtzungen/Reuniounen. Mir bekëmmeren eis gären do drëms.

Boutique Writing

Eise Boutique Writing Service mécht all Zort vu Schreifaarbechte fir Iech, wéi Biographien, CVen, administrativ Texter, beaarbechte vu Memoiren oder Theesen... Well Iwwersetzen a Schreiwen zimmlech no beienee leien an änlech Kompetenze verlaange, hu verschidde vun eise Linguisten och staark Redaktiounscapacitéiten a mir kënnen Iech bestëmmt deen Service ubidden, deen Dir braucht.

Liicht Sprooch

Mir kënnen Är Dokumenter an eng Versioun a liichter Sprooch transforméieren fir Lecteuren mat oder ouni Sproochebehënnerungen.

Sproocheberodung

Wann Dir Rotschléi vun iergendenger Aart fir d'Schreiwen, d'Erstelle vu Glossairen oder Stil-Guiden braucht, stoen eis Fachleit Iech zur Säit.

Aner Servicer

Service Translation

Iwwersetzung

Mënschlech Iwwersetzung "Made in Luxembourg"

Assermentéiert / beglawegt / vereedegt Iwwersetzung

Zertifiéiert Iwwersetzung

Service Interpretation

Dolmetschen

Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)

Service legalisation

Legaliséierung

Beglawegung, Apostille

Copywriting

Transkreatioun, Publizitéits- a Webtexter schreiwen

Comments are closed.