Eis Wäerter

Eis Wäerter

Engagement

Mir sinn eise Clienten total devouéiert a striewen e personaliséierten an op Äre Projet zougeschniddene Service un.

Transparenz

Mir sinn iwwerzeegt, dass d'Transparenz ee vun de Schlëssele vum Succès ass. Mir bestinn op Offenheet, Kommunikatioun an huelen eis Verantwortung géigeniwwer eise Clientë fir eng staark Relatioun ze versécheren.

Qualitéit

All Traductioun gëtt vun op mannst zwee erfuerene Linguisten iwwerliest fir eng Aarbecht vun héichwäerteger Endqualitéit ze liwweren.

Integritéit

Mir schaffe gäre laangfristeg mat eise Clienten a Linguiste, an engem Klima wou Vertrauen herrscht. Mir garantéiere dobäi och d'Sécherheet vun Äre perséinlechen Donnéeën.

Sponsoring – Guddes maachen!

Mir wëllen Guddes maachen an der Gesellschaft eppes zréck ginn. Dofir bidde mir eis Hëllef un, fir Liewensgeschichte vu Flüchtlingen an Immigrante gratis z'iwwersetzen. Am Kader vum Schreifatelier www.within.lu.

Stagen

Mir ënnerstëtzen Iwwersetzungsschoulen an Universitéiten an all Joer bidde mir e puer Studenten d'Méiglechkeet hire Stage an eisem Büro ze maachen.