Dolmetschen – Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)

Dolmetschen - Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)

Service Interpretation

D’Iwwersetzunge gi schrëftlech gemaach wärend d’Dolmetschen oder Interpretatioun mëndlech gemaach gëtt.

Mir bidden simultan- a konsekutiv Interpretatioun un, jee no Äre Besoinen.

Mir schaffe gewéinlech mat de selwechten Equippe vun Dolmetscheren déi mir gutt kënnen an an déi mir Vertrauen hunn.

Simultan- oder Konferenzdolmetschen

Fir international a national Konferenzen, Seminären, lokal oder öffentlech Versammlungen asw.

Konsekutivdolmetschen

Fir d‘Dolmetschen wärend Versammlungen, Geschäftseuniounen, Formatiounen a Coachingen, wou den Dolmetscher schwätzt wann de Riedner e puer Sätz gesot huet.

Simultandolmetschen op Distanz

De Lock-down huet eng nei Form vu Simultandolmetsche populär gemaach: D'Dolmetschen op Distanz. Mat neier Software a Plattformen ass et eis elo méiglech, vun doheem oder dem Büro aus ze schaffen, an dat an Echtzäit. De Publikum ass iwwer Tele- oder Videokonferenz dobäi.

Flüsterdolmetschen

Den Dolmetscher flüstert d'Iwwersetzung. Bei enger Hochzäit an der Gemeng zum Beispill, gëtt d‘Ried vum Buergermeeschter an der Sprooch vum Client an deem séin Ouer gepëspert.

Geriichtsdolmetschen

Fir Geriichtssëtzungen virum Bezierksgeriicht, Jugendgeriicht, Aarbechtsgeriicht, Friddensgeriicht, Policegeriicht, der Cour d'Appel asw.

Police-Dolmetschen

Fir Verhéier, Perquisitiounen, Besich am Prisong asw.

Wéi eng Sproochepkombinatioun braucht Dir?

Mir kënnen Dolmetscher an eisen Haaptsproochen zur Verfügung stellen. Kontaktéiert eis w.e.g. fir d'Disponibilitéiten ze iwwerpréiwen.

Dolmetschkoffer

Dir kënnt bei eis en Dolmetschkit mat engem Mikro an 20 Kaske lounen Einfach ze installéieren an ze benotzen.

Reservéiert en Dolmetscher iwwert eise Devis-Formulaire. Dir kënnt eis och gäre Froe stellen an den Tarif ufroen.

Aner Servicer

Service Translation

Iwwersetzung

Mënschlech Iwwersetzung "Made in Luxembourg"

Assermentéiert / beglawegt / vereedegt Iwwersetzung

Zertifiéiert Iwwersetzung

Service legalisation

Legaliséierung

Beglawegung, Apostille

Copywriting

Transkreatioun, Publizitéits- a Webtexter schreiwen

Service proofreading

Relektür

Textiwweraarbechtung & aner Sprooche Servicer

Comments are closed.