Dolmetschen – Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)
Dolmetschen - Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)
D’Iwwersetzunge gi schrëftlech gemaach wärend d’Dolmetschen oder Interpretatioun mëndlech gemaach gëtt.
Mir bidden simultan- a konsekutiv Interpretatioun un, jee no Äre Besoinen.
Mir schaffe gewéinlech mat de selwechten Equippe vun Dolmetscheren déi mir gutt kënnen an an déi mir Vertrauen hunn.
Simultan- oder Konferenzdolmetschen
Fir international a national Konferenzen, Seminären, lokal oder öffentlech Versammlungen asw.
Konsekutivdolmetschen
Fir d‘Dolmetschen wärend Versammlungen, Geschäftseuniounen, Formatiounen a Coachingen, wou den Dolmetscher schwätzt wann de Riedner e puer Sätz gesot huet.
Simultandolmetschen op Distanz
De Lock-down huet eng nei Form vu Simultandolmetsche populär gemaach: D'Dolmetschen op Distanz. Mat neier Software a Plattformen ass et eis elo méiglech, vun doheem oder dem Büro aus ze schaffen, an dat an Echtzäit. De Publikum ass iwwer Tele- oder Videokonferenz dobäi.
Flüsterdolmetschen
Den Dolmetscher flüstert d'Iwwersetzung. Bei enger Hochzäit an der Gemeng zum Beispill, gëtt d‘Ried vum Buergermeeschter an der Sprooch vum Client an deem séin Ouer gepëspert.
Geriichtsdolmetschen
Fir Geriichtssëtzungen virum Bezierksgeriicht, Jugendgeriicht, Aarbechtsgeriicht, Friddensgeriicht, Policegeriicht, der Cour d'Appel asw.
Police-Dolmetschen
Fir Verhéier, Perquisitiounen, Besich am Prisong asw.
Wéi eng Sproochepkombinatioun braucht Dir?
Mir kënnen Dolmetscher an eisen Haaptsproochen zur Verfügung stellen. Kontaktéiert eis w.e.g. fir d'Disponibilitéiten ze iwwerpréiwen.
Dolmetschkoffer
Dir kënnt bei eis en Dolmetschkit mat engem Mikro an 20 Kaske lounen Einfach ze installéieren an ze benotzen.