Legaliséierung, Beglawegung, Apostille
Legaliséierung, Beglawegung, Apostille
Är Iwwersetzung ass fäerdeg a mir hun se assermentéiert andeems mir e Stempel, eng Ënnerschrëft an en Datum bäigefügt hunn. Et ass elo eng beglaawegt Iwwersetzung. A gewësse Fäll, wann e privat oder ëffentlecht Dokument am Ausland z. B. vun enger Administratioun verlaangt gëtt, kann dës och nach eng zweet Etapp froen.
Legaliséierung
"Hager Apostille". Et gi Länner déi nach eng zousätzlech Authentifizéierung verlaangen ier se Äert Dokument akzeptéieren. Méi wéi 100 Länner hunn d'Hager Apostille Conventioun vum 5. Oktober 1961 ënnerschriwwen fir d'Legaliséierungs-Prozedur ze vereinfachen. Mir kënnen Iech eng Apostille (dat ass e spezielle Stempel) beschafen, deen op Äert ëffentlecht Dokument gesat gëtt fir d'Echtheet vum Iwwersetzer senger Ënnerschrëft ze bestätegen. Rechent mat 2 Deeg fir dësen Service.
Legalisatioun duerch en Notär, oder notariell Beglawegung
Esou eng Form vu Legalisatioun kann och vu gewëssen auslänneschen Administratioune gefrot ginn. Wann Dir esou en Service braucht, da kann en Notär eis assermentéiert Iwwersetzung ënnerschreiwen an eng Mentioun, datt dem Iwwersetzer seng Ënnerschrëft authentesch ass, dobäifügen. Well di zwou Prozeduren dee selwechten Zweck erfëllen, ass et un Iech fir mat der betraffener Administratioun oder Ärem Client ze kucken, wat hinnen am Léifsten ass. Mir liwweren d'assermentéiert Iwwersetzung mat der Hager Apostille oder dem Notär senger Mentioun an Ënnerschrëft, zesummen mat Ärem Originaltext. Wann Dir d'Original och gäre gestempelt an ënnerschriwwen hätt, kënne mir dat och fir Iech maachen.