FAQ LU
FAQ
All Sproochen an all Typ vun Inhalt. Mir hunn eng Lescht mat eise beschte Linguisten a praktesch alle Sproochen. Wa kee vun hinnen disponibel ass, da sichen eis Projekt Manageren e geeegneten Iwwersetzer, a stelle sécher, dass eis Qualitéitsstandarde respektéiert ginn.
Dat hänkt vun der Sproochekombinatioun of. Well mir iwwer 20 Sproochekombinatiounen intern vereedegen, ass de Prozess ganz schnell fir dës. Fir aner Kombinatioune musse mir kucken op den Iwwersetzer disponibel ass an och wéi laang ee braucht, bis d’Dokument mat der Post oder engem Coursier geschéckt gëtt.
Fir eis ass et an der Rei, Äert Dokument op Basis vun der gescannte Versioun z’iwwersetzen. Dir kënnt laanscht kommen an Äert Dokument bei eis am Büro ewech huelen an eisem Personal d’originaalt Dokument weisen. Wann Dir d’Iwwersetzung gäre mat E-Mail geschéckt kritt, da setze mir e Kommentar dobäi, dass d’Iwwersetzung eng assermentéiert Iwwersetzung vun der gescannte Kopie vun Ärem Dokument ass.
Dat hänkt haaptsächlech vun der Längt vum Dokument of. Am Fall vun engem Dokument vun enger Säit, ass de normalen Delai 3 Deeg, et sief dann, Dir sidd presséiert. A gewësse Fall kënne mir och an 1-2 Deeg liwweren. Fir laang Texter schaffen mir au cas par cas. Mir mussen d’Disponibilitéit vun eisen Iwwersetzer an de Schwieregkeetsgrad vum Inhalt mat a Betruecht zéien. Mellt Iech roueg an dann informéiere mir Iech esou bal mir d’Dokument analyséiert hunn.
Allgemeng gëtt de Präis vun enger Iwwersetzung pro Wuert gerechent wa mir e Word-Dokument kréien. Aner Formater wéi pdf musse beaarbecht ginn an de Layout muss oft nei gemaach gi wat de Präis erhéije kann. Zousätzlech Kritäre wéi d’Komplexitéit, d’Seelenheet vu gewësse Sproochen an d’Urgence kënnen den endgültege Präis och beaflossen.
Dir kënnt gären e gratissen Devis ufroen.
Fir einfach oder vereedegt Iwwersetzung vun enger eenzeler Säit hu mir Pauschalpräisser an eisen Haaptsproochen: Däitsch, Englesch, Franséisch, Hollännesch, Italienesch, Lëtzebuergesch, Portugisesch, Spuenesch, Rumänesch a Serbo-Kroatesch.
All eis Aarbechten ënnerleien deem selwechten Qualitéitsprozess an eisem Büro. Fir dass kleng Iwwersetzungsaarbechten och fir eis rentabel sinn, musse mir e minimale Präis vu 75€ froen. Mir kommunizéieren de Präis ëmmer am Virfeld esou dass de Client genau weess wat op en duer kënnt.
A gewësse Fäll jo. Et muss e wëssen, dass en Iwwersetzer am Allgemengen 2.000-3.000 Wierder pro Dag iwwersetze kann. Wann Äert Dokument, loosst mir soen, 20.000 Wierder huet an et muss an 3 Deeg gemaach ginn, da musse mir nach e puer disponibel Iwwersetzer mat derbäi huelen an e Reviseur deen den Inhalt vun de verschiddenen Texter harmoniséiert. An esou enge Fäll 2 gëtt en zousätzleche “rush fee” vun 30% am Devis dozou gerechent.
Mir gesinn d’Dokument am Léifsten direkt fir d’Wieder vum Original kënnen ze zielen an och d’Komplexitéit mat a Kaf ze huele fir Iech e korrekten Devis vir ze bereeden. Wann Dir allerdéngs d’Dokument net direkt wëllt weisen, da kënnt Dir eis d’Zuel vun de Wierder matdeelen an de Sujet a mir kënnen Iech dann eng Estimatioun vum Präis ginn. Wa mir den Original dann dono kréien, kann den Tarif ajustéiert ginn.
Kritt Dir de Chômage oder den RMG? Wann Dir eis de Beweis vun Ärer Situatioun liwwert, da kënne mir e reduzéierten Tarif uwennen. Kontaktéiert eis virdrun fir zesummen doriwwer ze schwätzen.
Maschinnen Iwwersetzung a Post-Editioun. Wärend mënschlech Iwwersetzung ganz vill Zäit a Asproch hëlt, dofir deier ass a geziilt di beschte Qualitéit sicht, kéint dës rezent hybrid Method eng Léisung fir gewëssen Iwwersetzungen duerstellen. MTPE ass nëmme méiglech, wann Dir kéng stilistesch Feinheeten an Ärem Text braucht, wéi z.B. am Fall vun enger Lëscht oder enger Fiche mat Charakteristike vun engem Produit. An esou engem Fall, wann Dir e niddregen Tarif an engem ganz kuerzen Zäitraum wënscht, da gëtt et dës Méiglechkeet. Den Text gëtt da maschinell iwwersaat an e professionellen Iwwersetzer iwwerschafft dat Ganzt. Et gëtt en Ënnerscheed tëschent liichter Post-Editioun a kompletter Post-Editioun an d’Präisser sinn dann och verschidden.
Translation memory ass eng Datebase mat Segmenter vu Sätz dee a viregen Iwwersetzungen benotzt goufen. Esou eng Datebase muss natierlech mat bestoendem Material gefiddert ginn esou dat ze fir zukünfteg Aarbecht ka gebraucht ginn. Dat ass besonnesch nëtzlech fir repetitiven an techneschen Inhalt. E reegelméissege Gebrauch kann dann och e puer Erspuernisser erméiglechen an d’Qualitéit garantéieren. Kontaktéiert eis wann Dir eng bestoend TM wëllt benotzen oder gären eng nei hätt.
Jo sécher. Bei Boutique Translation iwwersetzt an iwwerliest ee Linguist Ären Text an e Reviseur mécht eng zweet Kontroll, woubäi en de Sënn vum Inhalt nokuckt an d’Original mat der Iwwersetzung vergläicht. Wann néideg gi Modifikatioune gemaach fir e Resultat mat engem maximum vu Prezisioun.
Jo sécher, mir bidden dëse Service och un a kënnen Iech Är Iwwersetzung weltwäit verschécken.
Kontaktéiert eis fir e gratis Devis fir d’Livraisoun.