Iwwersetzung
Iwwersetzung
Mënschlech Iwwersetzung "Made in Luxembourg"
Dir hutt sécher scho mol schwätzen héiere vun automatescher Iwwersetzung, Pre-Editing, Post-Editing an, natierlech och vu reng mënschlecher Iwwersetzung. An et ass genau déi, di mir bei Boutique Translation ubidden. Dobäi kënnt Dir sécher sinn, datt eis Iwwersetzungen esou wéit wéi nëmme méiglech hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn.
- Juristesch Iwwersetzungen
- Finanziwwersetzungen
- Marketing & kommerziell Iwwersetzungen
- Allgemeng an administrativ Iwwersetzungen
- Technesch Iwwersetzungen an ausgewielte Beräicher
Dësen Service gëtt et mat oder ouni Assermentatioun / Vereedegung / Beglawegung oder Zertifiéierung.
Eis 11 Haaptsproochen
sinn déi, déi vun eisem internen oder assimiléierten Team beherrscht ginn:
- Englesch - Franséisch - Däitsch - Lëtzebuergesch - Hollännesch - Portugisesch
- Spuenesch - Italienesch - Serbesch - Kroatesch - Rumänesch
Fir all aner Sproochen
hu mir enk Relatioune mat fräiberuffleche Linguisten opgebaut, déi all an hirem eegene Beräich spezialiséiert sinn. Egal ob Farsi, Amharesch, Tigrinya oder Nepalesesch, mir fannen eng op d'Mooss geschneidert Léisung fir Är sproochlech Besoinen. A leschter Zäit hu mir z.B. och op Chineesesch, Arabesch, Polnesch, Ungaresch, Schwedesch, Dänesch, Norwegesch, Russesch, Lettesch, Estesch, Albanesch, Russesch geschafft ... fir der nëmmen e Puer ze nennen.
Qualitéitskontroll
Bei Boutique Translation wenne mir de Prinzip vun de 4 Aen un a schaffen ëmmer zu 2 op den Texter. Dat heescht, dass all Dokument systematesch vun 2 vun eise Linguisten iwwerliest gëtt fir esou eng héich Qualitéit ze garantéieren.
Wéi eng Dokumenter iwwersetze mir?
Ënnert den heefegsten Iwwersetzungen déi mir gefrot ginn, fannt Dir:
- Kontrakter,
- Statute vu Gesellschaften,
- Geschäftsregisteren (Registre de Commerce et des Sociétés - RCS),
- Extraiten an aner Firmen-Dokumenter,
- Prospekter an Dokumenter vu Fongen,
- Bréiwer an Umeldungsformulairen,
- Reklamatiounen,
- Geriichtsurteeler,
- Protokoller a Police Rapporten,
- Marketing- an Publizitéitsmaterial,
- Websäiten,
- PowerPoint Presentatiounen,
- Memoiren,
- Broschüren a Bichelcher,
- Studentenaarbechten,
- …
Mir passen eis ville Situatiounen un a bréngen ëmmer Industrieexperten mat bäi wann d’Dokumenter techneschen oder spezifeschen Inhalt hunn.