Boutique Translation

Boutique Translation:

Brainboosting Your Texts.
Trust Us!

Mir iwwersetzen, schreiwen an dolmetsche fir Iech

Äre Virdeel: effizient Zesummenaarbecht, Transparenz a Vertraulechkeet

Eis Positionéierung: Mir stinn op perséinleche Kontakt mat eise Clienten. Eise Service ass individuell, opmierksam an héiflech - Qualitéiten déi eis vun der Unzuel vun onperséinlechen Iwwersetzungsagenturen ënnerscheeden. Mir gesinn eis als Schnëttstell tëscht enger Agence an engem Freelancer Büro. Déi enorm Méiglechkeeten vun der Enger an d'Flexibilitéit vun der Zweeten. Wann Dir zefridde sitt, si mir et och. Eis Aarbecht ass op Är Besoinen zougeschnidden. Op mannst 2 professionnell Linguisten iwwerliesen a kontrolléieren Är Iwwersetzung. Nëmmen esou si mir sécher, dass Dir eng héichwäerteg Qualitéitsaarbecht geliwwert kritt, déi Äre Standarden entsprécht.

Eis Servicer

Service Translation

Iwwersetzung

Mënschlech Iwwersetzung "Made in Luxembourg"

Assermentéiert / beglawegt / vereedegt Iwwersetzung

Zertifiéiert Iwwersetzung

Service Interpretation

Dolmetschen

Dolmetschen op Distanz (Remote interpretation)

Service legalisation

Legaliséierung

Beglawegung, Apostille

Copywriting

Transkreatioun, Publizitéits- a Webtexter schreiwen

Service proofreading

Relektür

Textiwweraarbechtung & aner Sprooche Servicer

Exklusiv Boutique Servicer

Perséinlech Berodung & op d'Mooss geschneidert Servicer

Mir schwätzen a schreiwe gären op ville Sproochen a freeën eis, eis linguistesch Servicer op Är Besoinen zouzeschneideren.

Resultater vun héijer Qualitéit

Mir stelle sécher, dass d'Iwwersetzer an d'Dolmetscher déi mir selektionéieren, déi néideg Kompetenzen hunn fir Iech en impeccabelen Service ze bidden.

Erfuere Linguisten an de verschiddene Fachberäicher

Mir schaffen nëmme mat ausgewielten Iwwersetzer an Dolmetscher, déi hir Sproochen an hir Fachgebitter komplett beherrschen.

Eng kleng Struktur mat Fokus op de Client

Mir halen op eng gutt Relatioun mat eise Clientë a sinn der Meenung, dass et wichteg ass, iwwert e Projet oder eng Missioun am Virfeld ze schwätzen, ier mir op d'Exekutioun iwwer ginn.

Är Boutique Translation erkläert

Eise Numm ass inspiréiert vum Konzept vu Boutique Servicer Boutique Investment Bank Boutique Law Firm Boutique Hotel

BT_Logo_complet_oblique_vert

Eise Logo reflektéiert eis Manéier fir ze schaffen.

Genau wéi e Wandpark kinetesch Wandenergie a mechanesch Energie konvertéiert, iwwersetze mir Är Texter vun enger Sprooch an eng Aner. Propper an effizient.

Gemaach vu Mënsche fir Mënsche

Mir si bereet eist allerbescht ze maachen fir Iech eng éischtklasseg Iwwersetzung ze liwweren, déi richteg a präzis an der Bedeitung ass a gläichzäiteg fléissend an agreabel am Stil.

Technologie ugedriwwen

Mir setzen op Technologie a schaffe mat engem integréierten Iwwersetzungs-Managementsystem (ITMS) fir eng perfekt a professionell Gestioun vun Ärem Projet ze garantéieren.