Eis Wäerter
Eis Wäerter
Engagement
Mir sinn eise Clienten total devouéiert a striewen e personaliséierten an op Äre Projet zougeschniddene Service un.Transparenz
Mir sinn iwwerzeegt, dass d'Transparenz ee vun de Schlëssele vum Succès ass. Mir bestinn op Offenheet, Kommunikatioun an huelen eis Verantwortung géigeniwwer eise Clientë fir eng staark Relatioun ze versécheren.Qualitéit
All Traductioun gëtt vun op mannst zwee erfuerene Linguisten iwwerliest fir eng Aarbecht vun héichwäerteger Endqualitéit ze liwweren.Integritéit
Mir schaffe gäre laangfristeg mat eise Clienten a Linguiste, an engem Klima wou Vertrauen herrscht. Mir garantéiere dobäi och d'Sécherheet vun Äre perséinlechen Donnéeën.Sponsoring – Guddes maachen!
Mir wëllen Guddes maachen an der Gesellschaft eppes zréck ginn. Dofir bidde mir eis Hëllef un, fir Liewensgeschichte vu Flüchtlingen an Immigrante gratis z'iwwersetzen. Am Kader vum Schreifatelier www.within.lu.
Stagen
Mir ënnerstëtzen Iwwersetzungsschoulen an Universitéiten an all Joer bidde mir e puer Studenten d'Méiglechkeet hire Stage an eisem Büro ze maachen.